ACL - Automobile Club du Luxembourg

ACL - Automobile Club du Luxembourg Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de ACL - Automobile Club du Luxembourg, Services automobiles, 54, Route de Longwy, Bertrange.
(450)

L'ACL est aujourd’hui une association et une communauté de 190.000 membres qui s’engage pour la mobilité au sens large, pour garantir et promouvoir l’accès à la mobilité, sa qualité, la sécurité et le libre choix du moyen de locomotion.

05/06/2026

Dir waart méi wéi 1.000 Leit bei dëser éischter Editioun vun der ACL AutoOccasioun, a mir hätten eis kee bessere Start kënne wënschen ! 🎉

Merci, datt dir dobäi waart, a merci fir äert Vertrauen. Mir schaffen all Dag drun, iech déi bescht Mobilitéitsléisungen unzebidden onofhängeg vun äre Besoinen a Contrainten, sief et de Budget, d’Zäit oder d’Wunnplaz...
🚗 Dass esou vill Leit komm sinn, bestätegt eis, datt mir um richtege Wee sinn.

Mir freeën eis elo schonn op déi nächst Editioun ! 🙌

E grousse Merci un eis Partner:
Arval Luxembourg | Autoglas Luxemburg | BGL BNP Paribas | Carglass Luxembourg | Carshine | Coyote Systems Benelux | Foyer Assurances | LUXAUTO.LU | Mycar.lu | SNCT

🚕 15 % Remise mat HelloTAXIBrauchs du eng séier, einfach a komfortabel Faart zu Lëtzebuerg?Mat HelloTAXI ginn deng Depla...
04/06/2026

🚕 15 % Remise mat HelloTAXI

Brauchs du eng séier, einfach a komfortabel Faart zu Lëtzebuerg?
Mat HelloTAXI ginn deng Deplacementer nach méi avantagéis ✨

Als ACL-Member profitéiers du vu 15 % Remise op deng HelloTAXI-Faarten iwwerall zu Lëtzebuerg.

🔸 Privat oder geschäftlech Deplacementer
🔸 Einfach a séier Reservatioun
🔸 Zouverléissege Service

🔗 All d’Informatioune : https://buff.ly/BarAEaq

🥾 Zeréck vun eiser Wanderrees op d’Azoren! 10 Deeg, 3 Inselen an atemberaubend Landschafte. Eise Grupp ass grad vun den ...
02/06/2026

🥾 Zeréck vun eiser Wanderrees op d’Azoren!

10 Deeg, 3 Inselen an atemberaubend Landschafte. Eise Grupp ass grad vun den Azoren zeréckkomm, no enger Rees tëscht Faial, São Jorge a Pico mam héchste Bierg vu Portugal op 2.351 Meter !

Onvergiesslech Etappen, aussergewéinlech Wanderweeër, entspaant Momenter an eng eenzegaarteg Naturkuliss... A virun allem flott Bekanntschaften, déi sech Kilometer fir Kilometer entwéckelt hu.

D’Azore gehéieren zu deene Plazen, déi een net esou séier vergësst.
Entdeckt eis nächst Wander & Trekkingreesen 👉 https://buff.ly/N7QtLSn

Wëllt Dir Är Fuerweis op der Strooss verbesseren? Déi erfuerene Formateure vun ACL | Maison du Motard begleeden Iech fir...
01/06/2026

Wëllt Dir Är Fuerweis op der Strooss verbesseren?
Déi erfuerene Formateure vun ACL | Maison du Motard begleeden Iech fir een Dag op de lëtzebuergesche Stroossen.

A Gruppe vu maximal 6 Persoune schafft Dir un Ärer Positioun, Ärem Bléck op d'Strooss an Ärem Verhale bei Kéieren – ënner reelle Bedéngungen, net um Circuit.
D’Zil: méi sécher fueren, méi Vertrauen hunn – an nach méi Freed um Moto erliewen.

📅 Dei nächst Sessiounen 2026: 28. Juni | 12. September

📍 Depart: ACL Karting Monnerech
🕗 8:00 Auer
🍽️ Kaffi, Croissant & Mëttegiessen abegraff

🔗 Infoe & Umeldung : https://buff.ly/9EgwqW8

🏎️ Sinn sportlech Autoen um verschwannen?Hot Hatches, liicht Coupéen, bezuelbar Sportsautoen: nach ni war dëse Segment e...
29/05/2026

🏎️ Sinn sportlech Autoen um verschwannen?

Hot Hatches, liicht Coupéen, bezuelbar Sportsautoen: nach ni war dëse Segment esou kleng wéi haut.

Méi streng Emissiounsreegelen, den Erfolleg vun de SUV, ëmmer méi schwéier Autoen an déi grouss Investitiounen an d’Elektromobilitéit erklären, firwat vill Hiersteller sech no an no vun dëse Modeller verabschiden.

D’Analyse vun eisem Expert a firwat hien trotzdeem optimistesch fir d’Zukunft vu bezuelbare Sportsautoe bleift fannt Dir am Frank’s Corner op autotouring.lu. 👇
🔗 https://buff.ly/xGjQqJl

🔌 ID. Cross setzt op dat Néidegt 436 km Reechwäit, 475 Liter Kofferraum.De Volkswagen ID. Cross kënnt am Hierscht 2026 o...
27/05/2026

🔌 ID. Cross setzt op dat Néidegt

436 km Reechwäit, 475 Liter Kofferraum.
De Volkswagen ID. Cross kënnt am Hierscht 2026 op de Marché fir manner wéi 28.000 Euro.

Als kompakten elektreschen SUV aus der ID.-Famill riicht hien sech u Famillen a jonk Aktiv Leit, mat engem staarke Präis-/Plaz-Verhältnis an engem staark ëmkämpfte Segment.

Eisen éischten Androck vum Modell fannt Dir op YouTube 👇
🎬 https://buff.ly/moG7I0z

🔎 Summerpneuen-Test 2026: Nëmmen 3 Pneue vu 16 iwwerzeege wierklech.Vun 16 geteste Summerpneuen an der Gréisst 225/50 R1...
26/05/2026

🔎 Summerpneuen-Test 2026: Nëmmen 3 Pneue vu 16 iwwerzeege wierklech.

Vun 16 geteste Summerpneuen an der Gréisst 225/50 R17 kréien nëmmen 3 eng „Gutt“ Bewäertung.

Den ACL huet zesumme mat aneren europäeschen Automobilcluben 16 Modeller op dréchener a naasser Strooss souwéi beim Aquaplaning getest.
D’Conclusioun ass kloer: net eng eenzel Stäerkt zielt, mee e gudde Gesamtgläichgewiicht.

👉 Wat mécht also e gudde Pneu aus?
De kompletten Test, all Resultater an de Ranking fannt Dir op autotouring.lu 👇
🔗 https://buff.ly/0YBzoVM

👶 ACL Kannersëtzbazar ass zeréck!De 6. Juni 2026 organiséiert den ACL eng nei Editioun vum Kannersëtzbazar zu Bartreng a...
22/05/2026

👶 ACL Kannersëtzbazar ass zeréck!

De 6. Juni 2026 organiséiert den ACL eng nei Editioun vum Kannersëtzbazar zu Bartreng an Ingeldorf. Eng praktesch an nohalteg Geleeënheet, fir Occasiouns-Kannersëtzer a Sëtzerhéijungen en zweete Liewen ze ginn. ♻️

👉 Dir wëllt e Sëtz verkafen?
• Gratis Depot fir ACL-Memberen
• Maximal 2 Sëtzer pro Member

👉 Dir sicht e Kannersëtz?
Kommt de 6. Juni vun 9h00 bis 13h00 laanscht a fannt passend Modeller zu attraktive Präisser.

📍 Bartreng & Ingeldorf
📅 Verkaf: 6. Juni 2026
📦 Depot méiglech vum 20. bis de 27. Mee 2026

ℹ️ Méi Informatiounen: https://buff.ly/MOBnSjx

Mat der ACL Camping Kaart entspaant duerch Europa reesen!Egal ob kuerze Weekendtrip oder grouss Rees mam Camping-Car, de...
21/05/2026

Mat der ACL Camping Kaart entspaant duerch Europa reesen!

Egal ob kuerze Weekendtrip oder grouss Rees mam Camping-Car, de Acl begleet Iech ënnerwee mat Assistenz a praktesche Virdeeler. 🚐
🔸 Assistenz fir Camping-Car bis 7,5 Tonnen
🔸 Camping Kaart International unerkannt a méi wéi 40 Länner
🔸 Remisen a ville Partner-Campingen
🔸 Hëllef, Récktransport a exklusiv Virdeeler op Äre Reesen

Well d’Aventure schonn um éischte Kilometer ufänkt.

All informatiounen: https://buff.ly/9tBeSHn

19/05/2026

🟡 Beim ACL heescht eis Memberen z’ënnerstëtzen och, datt si sech am Alldag méi sécher fillen.

Mat dësem Gedanken hu mir, zesumme mam Krav Maga Center Luxembourg "By Kickyoufit", e Seminaire organiséiert ronderëm perséinlech Sécherheet an d’Präventioun vu Carjacking. 🛡️

🥋 D’Resultat: bannent e puer Deeg ausgebucht. Ronn véierzeg Memberen hunn un zwou prakteschen Hallefdeeg-Sessiounen deelgeholl, dorënner eng Aféierung an de Krav Maga mat professionellen Traineren.

👉🏻 Um Programm stoungen:
• Risikosituatiounen erkennen
• Déi richteg Reflexer beim Ënnerwee sinn
• Stresssituatiounen ënner Kontroll halen
• Einfach an direkt uwennbar Technike mat op de Wee kréie ✅

Genee esou Eventer wëlle mir eise Memberen ubidden: relevant Erfarungen, mat de richtege Partneren, ronderëm Themen déi am Alldag wierklech zielen.

Weider Sessiounen si schonn a Virbereedung. 👀

Adresse

54, Route De Longwy
Bertrange
8080

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 18:00
Mardi 08:00 - 18:00
Mercredi 08:00 - 18:00
Jeudi 08:00 - 18:00
Vendredi 08:00 - 18:00

Téléphone

+352 45 00 45 1

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque ACL - Automobile Club du Luxembourg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager